All articles by: Gilles

WE LIKE IT HOT PARTY | Part IV

WE LIKE IT HOT PARTY | Part IV

WE LIKE IT HOT PARTY | After Work ==> LINK WE LIKE IT HOT PARTY | Part IV ==> LINK

Brand am Café du Coin

Brand am Café du Coin

Haut den Mueren, kuerz no halwer 3 an der Nuecht ass eng Alerte Générale gepiepst gin, mat der Meldung, dass schwarzen Damp aus dem Café du Coin giff kommen an dass nach Leit an den Wunnéngen iwwert dem Café dran wieren. Opnder Plaatz ukomm, huet sech direkt een Trupp ausgerëscht an ass an den brennende Café firgedrongen. Sie hatej d’Feier séier ënner Kontroll, mais de Materialschued ass grouss. Déi 4 Leit sin mat Hëllef vun der Escher Dréileeder evakuéiert gin. Et gouff keng Persoun blesséiert. Op der Plaatz waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng, d’Pompjeeë vun Esch, eng Ambulanz vun Käl, … Continue reading

Äiszapen 22 Januar 2013

Äiszapen 22 Januar 2013

Geschter Owend ass d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeë geruff gin, well iwwert dem Postgebei grouss a geféierlëch Äiszapen hänken giffen. Effektiv war et deem och esou, den eenzëge Problem wou war, déi Rëmelenger haten net déi néidëch Moyene fir an der Héischt d’Gefor ze besäitegen. Dofier ass DL vun Käl nogeruff gin, fir dat ganzt z’erméiglechen. Den Asaatz huet gudd Stonnen gedauert an dono konnten d’Foussgänger erëm mat rouegem Gewëssen den Trottoir benotzen. Am Asaatz waren 7 Leit vu Rëmeleng, esou wéi d’Pompjeeë vu Käl mat 6 Leit. Méi Fotoë vum Asaatz ënnert folgendem Link: Fotoë Pompjeeë Käl xnxx, … Continue reading

„Damp am Keller“ 16. Januar 2013

„Damp am Keller“ 16. Januar 2013

En Mëttwoch Owend géint 21.00 Auer gouff en Groussalarm ausgeléist, well sëch Damp am Keller vun engem Kannerheem zu Rëmeleng sech giff ausbreeden. Direkt no der Alarméierung ass dann och schon deen éischten Won erausgefuer, andeems sech direkt 2 Otemschutzdréier ausgerëscht hun, fir d’Ursaach vun der Dampentwécklung eraus ze fannen. No ganz kuerzer Zäit, mat Hëllef vun der Wärmebildkamera konnt dunn d’Ursaach festgestallt gin…: Et huet sech ëm ee Frigo gehandelt, deen iwwerhëtzt war. De Frigo ass vum Netz geholl gin an de Keller ass gelëft gin. Nodeems de Chef de corps Claude RISSE gréng Luucht ginn huet, konnten … Continue reading

Hydraulik Ueleg iwwert d’Strooss gestreet

Hydraulik Ueleg iwwert d’Strooss gestreet

Den Mueren um 09.20 Auer ass d’Permanence vun Rëmeleng gepiepst gin, well eng Mazoutspuer vun Rëmeleng Richtung Esch wier. Effektiv war et deem och esou, mais wat awer relativ komesch geschéngt huet ass dass déi „Mazoutspuer“iwwert dei ganz Breed vun der Fuerbunn verlaaf ass. Mer sin der Spuer nogefuer an hun bemierkt, dass d’Spuer sech esouwuel op Kayl ewei och op Esch gezunn huet, an soumadder och dei jeweileg Pompjeescorpsen hun missen an den Asaatz. Wou d’Strooss dann gebotzt war, ass de Streedingscht kontaktéiert gin, fir engkéier mam Streewoon iwwert den ganzen Wee ze fueren, well et ugefaangen huet … Continue reading

Bâche op Baustell lass

Bâche op Baustell lass

En Fréiden Mëtten ass d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeë geruff gin, well eng Bâche op enger Stee an der rue Batty Weber giff erofhänken. Effektiv war eng Bâche op enger Längt vun 3 Meter duerchgerass an huet missen komplett vun der Stee erofgeholl gin. Dorobshin ass DL vun Käl ugefuerdert gin, fir d’Gefor ze besäitegen, dat och, well d’Stee an kengem gudden Zoustand war. Op der Plaatz war d’Permanence vun Rëmeleng an DL vun Kältéiteng.  

Autosbrand

Autosbrand

Den Mëtten ass d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeë op en Autosbrand an der rue du Couvent geruff. Wou sie op der Plaatz ukomm sin, stung den ganzen Motoraum schon an Flaamen. Duerch dat séier agräifen ass verhënnert ginn, dass den Auto den nierwendrun stung, nëmmen liischt beschiedegt gin. D’Pompjeeë vun Rëmeleng waren mat 7 Leit an 2 Ween op der Plaatz, esou wei eng Patroulle vun der Escher Police.