Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web92/web92u1/html/wp-content/themes/SPRUM1/admin/admin.php on line 317 Ausstattung | SPRUM.lu
www.sprum.lu

Ausstattung


Einsatzzentrum & Ausrüstung
Eist « Sprëtzenhaus » befënnt sech zu Rëmeleng an der rue de la Fontaine op Nummer 19.  An den spéiden 80er Joeren ass déi aal Schéier zu engem deemols modernen Asaatzzenter ëmgebaut gin.

An eisem Sprëtzenhaus hun mer 1 Zentral, vun wou méi gréisser Asätz kënnen dirigéiert gin, 1 Otemschutzwierkstaat, wou d’Otemschutzgeräter an der Reih gehaalen gin, gebotz gin asw. an een Instruktiounssall, wou theoretësch Übungen an Weiderbildungen oofgehaalen gin.

Wat déi perséinlëch Schutzausrüstung ugeet, do huet jiddereen en kompletten Saatz Stuermgezeih (fir an d’Feier), Sëcherheetsstiwwelen mat Schnëttschutz, Brandschutzhändschen, Cagoule an Sauvetagehändchen. Fir d’Brandbekämpfung gëtt Otemschutz ugedoen, an eisem Fall sin et Geräter vun MSA Auer. Wann am Summer d’Harespelen den Leit d’Liewen schwéier maachen, och dofier sin mer ausgerëscht. Wann emol eng Motosee an den Asaatz kënnt, do hun mer och extra Schnëttschutzboxen, déi jiddereen, den mat enger Motosee schafft, undoë muss.
Fuhrpark
Wat eist Material ugeet, hun mer alles, wat een fir déi Daagdeeglëch Asätz brauch. Vun Handfunkgeräter bis eriwwer bei eng Wärmebildkamera ass alles an denen verschiddenen Ween ënnerbruecht.
IMG_3115