Äiszapen 22 Januar 2013

Eiszapfen

Eiszapfen

Geschter Owend ass d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeë geruff gin, well iwwert dem Postgebei grouss a geféierlëch Äiszapen hänken giffen. Effektiv war et deem och esou, den eenzëge Problem wou war, déi Rëmelenger haten net déi néidëch Moyene fir an der Héischt d’Gefor ze besäitegen. Dofier ass DL vun Käl nogeruff gin, fir dat ganzt z’erméiglechen. Den Asaatz huet gudd Stonnen gedauert an dono konnten d’Foussgänger erëm mat rouegem Gewëssen den Trottoir benotzen.
Am Asaatz waren 7 Leit vu Rëmeleng, esou wéi d’Pompjeeë vu Käl mat 6 Leit.

Méi Fotoë vum Asaatz ënnert folgendem Link:

Fotoë Pompjeeë Käl