04/06/2016 Übung CIPA

+++ Eeschtfallübung am Altersheim +++

De Moien haaten maer zesumme mat eisen Jugendpompjeeën eng Übung am CIPA zu Rëmeleng. Op der Plaz ukomm huet d’Personal eis driwwer informéiert, dat et um 3. Stack an enger Kummer géiw „brennen“. D’Bewunner sin all a Secherheet bruecht gin sou wéi dat an engem realen Brandfall soll sin. Direkt hun dräi Otemschutztruppen sech ausgerëscht an sin iwwert d’Evakuatiounstraap eragang.Eis Jugendpompjeeën haaten d’Aufgab sech ëm d’Waasserversuergung ze këmmeren. D’Übung ass gudd verlaaf an et ass kengem eppes geschitt.Dono kruuten maer nach eppes z’Iessen an ze Drénken vum Cipa servéiert.

En groussen merci un d’Équipe vum CIPA ,d’Ambulanz vu Käl, d’Jugendhaus vu Rëmeleng déi d Victimen duergestallt hun, an eis Jugendpompjeeën.

Hei e puer Andréck.

13325508_1130979426945946_3642196339013473935_n