13/05/2016 Übung DLK Kayl

Donneschtes Owend ass Dréihlieder vum Asatzzenter Kayl bei eis op Rëmeleng an d’Übung komm.

Op der Dagesuerdnung stung op éischter Plaatz den Ëmgang mat dem diversen Material wei Halterung fir d’Schleifkorbtrage an de Monitor.

Desweideren sin e puer kleng Übungen gemaach gin. Eemol wei een eng Persoun an Noutlaag op DLK geluecht an ugestréckt gëtt.

Dono konnt jiddereen engkéier deen op 30 Meter erausgefuerenen Leederpark eropklammen.

Merci nach engkéier un den Asatzzenter Kayl CISKT an un all uwiesenden Member vun Rëmeleng.

Hei sin e puer Andréck.

13237788_1117480684962487_1169282347474771203_n