Hydraulik Ueleg iwwert d’Strooss gestreet

Den Mueren um 09.20 Auer ass d’Permanence vun Rëmeleng gepiepst gin, well eng Mazoutspuer vun Rëmeleng Richtung Esch wier.

Effektiv war et deem och esou, mais wat awer relativ komesch geschéngt huet ass dass déi „Mazoutspuer“iwwert dei ganz Breed vun der Fuerbunn verlaaf ass. Mer sin der Spuer nogefuer an hun bemierkt, dass d’Spuer sech esouwuel op Kayl ewei och op Esch gezunn huet, an soumadder och dei jeweileg Pompjeescorpsen hun missen an den Asaatz.

Wou d’Strooss dann gebotzt war, ass de Streedingscht kontaktéiert gin, fir engkéier mam Streewoon iwwert den ganzen Wee ze fueren, well et ugefaangen huet unzezéien.

Deen ass dann op Rëmeleng komm an wou

en wollt ufänken mat Streeën, ass dem Chauffer opgefall, dass eng wäiss Flëssëchkeet hannen aus sengem Streearm erausgelaaf ass. Et huet sëch erausgin, dass hei warscheinlech eng Dichtung an engem Hydromotor futti gefuer ass, an domadden déi schmiereg Stroossen verursaacht huet.

Am ganzen war d’Permanence vun Rëmeleng mat 6 Mann während 3 Stonnen am Asaatz, ausserdem am Asaatz waren d’Pompjeeë vun Esch wéi och de Sauvetage Kayl.

20121204-101450.jpg