„Damp am Keller“ 16. Januar 2013

Frigo

Frigo

En Mëttwoch Owend géint 21.00 Auer gouff en Groussalarm ausgeléist, well sëch Damp am Keller vun engem Kannerheem zu Rëmeleng sech giff ausbreeden.

Direkt no der Alarméierung ass dann och schon deen éischten Won erausgefuer, andeems sech direkt 2 Otemschutzdréier ausgerëscht hun, fir d’Ursaach vun der Dampentwécklung eraus ze fannen. No ganz kuerzer Zäit, mat Hëllef vun der Wärmebildkamera konnt dunn d’Ursaach festgestallt gin…: Et huet sech ëm ee Frigo gehandelt, deen iwwerhëtzt war. De Frigo ass vum Netz geholl gin an de Keller ass gelëft gin.

Nodeems de Chef de corps Claude RISSE gréng Luucht ginn huet, konnten d’Awunner nees  berouegt zeréck an d’Gebei goen.

Op der Plaatz waren 19 Leit mat 5 Ween, eng Ambulanz vu Käl an eng Patrouille vun der Escher Police