Autosbrand

Den Mëtten ass d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeë op en Autosbrand an der rue du Couvent geruff.

Wou sie op der Plaatz ukomm sin, stung den ganzen Motoraum schon an Flaamen.

Duerch dat séier agräifen ass verhënnert ginn, dass den Auto den nierwendrun stung, nëmmen liischt beschiedegt gin.

D’Pompjeeë vun Rëmeleng waren mat 7 Leit an 2 Ween op der Plaatz, esou wei eng Patroulle vun der Escher Police.