All articles by: Gilles

Eischt-Hëllef-Cours

Eischt-Hëllef-Cours

En Accident ass séier geschitt ! Doheem, op der Aarbecht, op der Strooss, etc. Kennt Dir déi wesentlech Éischt-Hëllef-Gesten fir Äre Matmënschen am Noutfall ze hëllefen? Den Éischt-Hëllef-Cours geet Dënschdes de 6. Oktober 2015 ëm 19.30 Auer zu Rëmeleng un. De Cours gëtt op Lëtzebuergesch gehalen. D’Umeldung ass gratis den 1. Dag am Cours Dir léiert mat der Hëllef vun theoreteschen Erklärungen a prakteschen Übunge während 14 Séancen vun 2 Stonnen déi Gesten déi retten Organisator : Croix-Rouge – Stad Rëmeleng Adress : Pompjeesbau – 19, rue de la Fontaine – L-3726 Rumelange Fir weider Informatiounen www.croix-rouge.lu   xnxx, xvideos, xvideos, hentai, … Continue reading

13/08/2015 Stuermschied

13/08/2015 Stuermschied

An der Nuecht vun en Donnëschten op e Freiden sin e puer hefteg Wierderen z’erwaarden. D’Permanence huet schon insgesamt zwee mol intervenéieren weinst Stuermschied. Eemol stung ee ganze falsche Plafong wei och déi gesamt Wunnéng ënner Waasser. Beim zweeten Asaatz war een Oofwaasserkanal iwwergelaaf an huet alles zeréck an d’Haus gedréckt. Op der Plaatz war jeweils d’Permanence.

12/08/2015 Feieralarm

12/08/2015 Feieralarm

Kuerz firun Hallefnuecht ass d’Permanence op en Feieralarm an den Centre Culturel geruff ginn. Laut Brandmeldezentral misst en Rauchmelder am Keller ausgeléist hun. No enger Erkundung ass festgestallt gin, dass sech an engem Rauchmelder Kondenswaasser ugesammelt huet, dest well den Raum schlecht belëft ass. Den betraffenen Melder ass desaktivéiert gin. Op der Plaatz war d’Permanence sou wéi och d’Sëcherheetsfirma Dussmann

Baam blockéiert Strooss

Baam blockéiert Strooss

Kuerz firu Mëtternuecht ass d’Permanence geruff gin fir ee Baam aus der Strooss ze huelen, deen ënnert der Laascht vum Schnéi um Poteau Richtung Esch emgefall ass. De Baam huet mëttels Motosee an Treuil missen degagéiert gin. D’Pompjeeë waren ganzer 2 Stonnen am Asaatz fir d’Spuer fir den Trafic fräi ze kréien. Op der Plaatz war Dingschtequipe mat 7 Mann an 3 Gefierer. Hei nach e puer Fotoen vum Asaatz

Autosaccident

Autosaccident

An der Nuecht op en Dënschdeg géint 3h30 goufen d’Pompjeeë vu Rëmeleng op een Accident geruff. Et gouf kee Mënsch blesséiert. Duerch d’Wucht vum Opprall, ass den Pneu matsamt dem Amortisseur erausgerappt gin. D’Rëmelenger Pompjeeë ware mat enger Permanence vu 5 Leit an 2 Ween op der Plaz.

Autosaccident

Autosaccident

      Kuerz no 5 Auer sin mer op en Autosaccident mat engem Blesséierten an der Escher Strooss geruf gin. Mer hun eng blesséiert Persoun firfonnt, die nach am Auto sutz. Zesummen mam Käler Sauvetage ass d’Victime erausgeholl gin, an ass mat der Ambulanz vu Käl an d’Escher Spidol. Wieder ass kee blesséiert gin woubäi awer de Materialschued zimmlëch héich läit. Op der Plaatz waren: Pompjeeë Rëmeleng Sauvetage Käl Ambulanz Käl Police Esch   Hei nach weider Fotoë vum Accident

Tragehilfe

Tragehilfe

Den Mueren huet d’Permanence missen an der Asaatz, fir der Ambulanz beim Droen ze hëllefen. Vue que dass d’Péng vum Patient extrem grouss war, huet misse de SAMU nogerufg gin fir de Patient ze stabiliséieren. Nodeems dat gemach war, ass en mat Hëllef vun enger sougenannter Vakuummatratz an d’Ambulanz gedroë gin, mat der hien och an dat Escher Spidol komm ass. Op der Plaatz: Pompjeeë Rëmeleng Sauvetage Käl Ambulanz Käl SAMU Esch

Reinert

Reinert

Aide Ambulance

Aide Ambulance

En Samschten den Owend ass d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeëe geruff gin, fir der Ambulanz beim Droën ze hëllefen. Außerdem war d’Permanence vum Käler Zenter mat der DLK op der Plaatz.

Autosbrand

Autosbrand

Kuerz firun 22.00 Auer gouffen d’Rëmelenger Pompjeeë op en Autosbrand op der Place des Bruyères geruff. Ënnert Otemschutz ass den Auto séier geläscht gin. Et ass kengem Mënsch eppes geschitt, mais den Materialschued ass héisch.   Op der Plaatz war d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeë esou wéi och eng Patrouille von der Escher Police.