Baam blockéiert Strooss

image

Kuerz firu Mëtternuecht ass d’Permanence geruff gin fir ee Baam aus der Strooss ze huelen, deen ënnert der Laascht vum Schnéi um Poteau Richtung Esch emgefall ass.

De Baam huet mëttels Motosee an Treuil missen degagéiert gin.

D’Pompjeeë waren ganzer 2 Stonnen am Asaatz fir d’Spuer fir den Trafic fräi ze kréien.

Op der Plaatz war Dingschtequipe mat 7 Mann an 3 Gefierer.

Hei nach e puer Fotoen vum Asaatz