All articles by: Tatjana Rissé

12/04/2016 Gazgeroch

12/04/2016 Gazgeroch

Um Dënschten 12ten Abrëll ass eng Equipe vun eis geruff gin, well et no Gaz gericht huet.

22/03/2016 Pollution Kaylbach

22/03/2016 Pollution Kaylbach

Den 22ten März ass eis Permanence geruff gin well d’Wasser vun der Kaylbach verknascht war.  

22/03/2016 Feieralarm

22/03/2016 Feieralarm

Mëttes sin mer an d’Jugendhaus geruff gin, well do d’Brandmelderzentral ausgeléist huet. No der Meldung gouff et direkt Entwarnung vun engem Responsabel aus dem Jugendhaus. Et huet sech erausgestallt dass Iesswueren am Schäffchen verbrannt sin an demno eng Dampentwécklung verursaacht huet. D’Gebei war wei et soll sin beim Untreffen schon evakuéiert ginn. D’Gebei ass gelëft gin an d’Jugendlecher konnten erem zereck an d’Jugendhaus.  

21/03/2016 Accident

21/03/2016 Accident

Um Méindeg Owend as Dingschtéquipe op een Accident geruff gin op den Poteau. Hei war ee Gefier aus Richtung Esch kommend aus ongekläerter Ursach vun der Stross ofkomm , huet sech iwwerschloën an ass am Rampli stoë bliwwen. Eng Persoun gouf liicht blesséiert. Op der Plaz d’Permanence vu Rëmeleng mam Kdow, TLF 2000, eng Ambulanz vu Käl an d’Police.

20/03/2016 Türöffnung & Ambulanz hëllefen

20/03/2016 Türöffnung & Ambulanz hëllefen

Den 20ten März ass eis Permanence geruff gin fir eng Dier opzemachen an dono der Ambulanz eng Hand mat unzepaken.

19/03/2016 Accident

19/03/2016 Accident

Den 19ten März sin mer geruff gin fir no engem Accident d’Stross ze botzen.

17/03/2016 Hydrauliksueleg ausgelaaf

17/03/2016 Hydrauliksueleg ausgelaaf

Kuerz virun halwer 12 huet de Piepser bei der Dingschtequipe geschellt fir Hydrauliksueleg eweg ze maachen. Net schlecht gestaunt hu si beim Ukommen op der Asazplaz an der rue des Martyrs, wou sie eng grouss landwirtschaftlësch Maschinn virfonnt hunn,deen relativ vill Hydraulikueleg verluer huet, well eng Leitung futti gefuer war. Den Ueleg ass mat Hëllef vun Ölbinder gebonnen gin an d’Strooss ass uschléissend gebotzt ginn. D’Maschinn ass nach op der Plaaz gefléckt gin, esou dass dësen erem weider konnt fueren. Op der Plaaz war d’Permanence an d’Police vu Rëmeleng. xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, … Continue reading

07/03/2016 Accident

07/03/2016 Accident

D’Permanence ass géint halwer 4 geruff gin fir d’Strooss no engem Accident ze botzen. Wou mir op der Plaatz ukomm sin, hun mer en Auto virfonnt, deen säitlëch iwwert den Macadam gerutscht ass an dono op den Rieder zu Staanen komm ass. Et ass kengem eppes geschitt. Eng Patroulle vun der Escher Police huet d’Strooss ofgesëchert an mer hun d’Strooss konnte botzen. Op der Plaatz war d’Permanence mam TLF 2000 an mam LF.  

06/03/2016 Persounen am Lift

06/03/2016 Persounen am Lift

Moies géint halwer 9 ass eis Permanence bei den CIPA geruff gin , well do ee Lift hänken bliwwen ass an deem sech zwou Persounen befonnt hun. Während enger Erkundung ass gekuckt gin op wéiengem Stack sech den Lift befannen géif. De Lift war tëscht zwee Stäck hänken bliwwen an ass manuell erofgelos gin, sou dat den Lift konnt opgemach gin an d’Persounen eraus konnten geholl gin.

03/03/2016 Aide Ambulance

03/03/2016 Aide Ambulance

Géint Mëtternuescht ass eis Equipe dann nach eng Kéier op eng Aide Ambulance geruff gin fir en Patient an d’Ambulanz ze transportéieren.