06/03/2016 Persounen am Lift

Moies géint halwer 9 ass eis Permanence bei den CIPA geruff gin , well do ee Lift hänken bliwwen ass an deem sech zwou Persounen befonnt hun.

Während enger Erkundung ass gekuckt gin op wéiengem Stack sech den Lift befannen géif. De Lift war tëscht zwee Stäck hänken bliwwen an ass manuell erofgelos gin, sou dat den Lift konnt opgemach gin an d’Persounen eraus konnten geholl gin.

12804775_1071989742844915_5510503707727859680_n