07/03/2016 Accident

D’Permanence ass géint halwer 4 geruff gin fir d’Strooss no engem Accident ze botzen. Wou mir op der Plaatz ukomm sin, hun mer en Auto virfonnt, deen säitlëch iwwert den Macadam gerutscht ass an dono op den Rieder zu Staanen komm ass.

Et ass kengem eppes geschitt.

Eng Patroulle vun der Escher Police huet d’Strooss ofgesëchert an mer hun d’Strooss konnte botzen.

Op der Plaatz war d’Permanence mam TLF 2000 an mam LF.

 

12790839_1072684372775452_2581025100271052961_n