17/03/2016 Hydrauliksueleg ausgelaaf

Kuerz virun halwer 12 huet de Piepser bei der Dingschtequipe geschellt fir Hydrauliksueleg eweg ze maachen.

Net schlecht gestaunt hu si beim Ukommen op der Asazplaz an der rue des Martyrs, wou sie eng grouss landwirtschaftlësch Maschinn virfonnt hunn,deen relativ vill Hydraulikueleg verluer huet, well eng Leitung futti gefuer war.

Den Ueleg ass mat Hëllef vun Ölbinder gebonnen gin an d’Strooss ass uschléissend gebotzt ginn.

D’Maschinn ass nach op der Plaaz gefléckt gin, esou dass dësen erem weider konnt fueren.

Op der Plaaz war d’Permanence an d’Police vu Rëmeleng.

1918844_1079176452126244_1763313611713178941_n