21/03/2016 Accident

Um Méindeg Owend as Dingschtéquipe op een Accident geruff gin op den Poteau.

Hei war ee Gefier aus Richtung Esch kommend aus ongekläerter Ursach vun der Stross ofkomm , huet sech iwwerschloën an ass am Rampli stoë bliwwen. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.
Op der Plaz d’Permanence vu Rëmeleng mam Kdow, TLF 2000, eng Ambulanz vu Käl an d’Police.

1531850_1082011325176090_7393753659279113163_n