Category Archives: Einsätze

01/07/2015 Verdacht op ee Kuerzschloss

01/07/2015 Verdacht op ee Kuerzschloss

Den 01/07/2015 sin mer geruff gin wéinst engem Verdacht op ee Kuerzschloss an enger Luucht. D’Propriétairen vum Haus hun gudd réagéiert an den Stroum direkt ofgeschallt. Wou d’Erkundung gemach gin ass, an d’Luucht démontéiert gin ass, gouf festgestallt, dat sech ee Käfer an der Luucht verluer hat an duerch seng Fluchmanöveren ee Kaméidi gemach huet, deen engem elektrëschen Kuerzschloss ähnelt. Den Käfer ass befreit gin an d’Propriétairen konnten rouegem Gewëssens de Stroum erëm aschalten.

25/06/2015 Feieralarm

25/06/2015  Feieralarm

Donneschtes géint 9:38 Auer ass eis Permanence op en Feieralarm an der Primärschoul „Sauerwisen“ geruff gin.    

21/06/2015 Urgence Dier opmachen

21/06/2015 Urgence Dier opmachen

Den Sonnden Mëtten géint 14:10 Auer ass d’Permanence geruff gin fir d’urgence eng Dier opzemachen. Wéi mer awer op der Plaz ukomm sin war d’Dier schon op, an den Fall hat sech erléidegt.

13/06/2015 Aide Ambulance

13/06/2015 Aide Ambulance

  Samstes géint 10 Auer ass eis Permanence geruff gin fir der Ambulance vu Kayl eng Hand mat unzepaken.

05/06/2015 Accident

05/06/2015 Accident

Um Freideg de Moien géint 10:30 Auer koum et um käler Potto tëscht Rëmeleng an Esch zu engem méi uergen Accident. Hei sin 2 Autoën frontal anenee gerannt. Heibäi goufen 2 Persounen liicht blesséiert an eng Persoun huet missen aus dem Gefier erausgeschnidde gin an gouf schwéier blesséiert. D’Streck gouf an béid Richtungen fir bal 2 Stonnen komplett gespart.   Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng, den Sauvetage an 2 Ambulanzen vu Kayl, den Samu an d’Police.

01/06/2015 Beienascht

01/06/2015 Beienascht

Um Méindeg Owend kuerz virun halwer 7 sin mer vun e puer Leit kontaktéiert gin, well Si en gréissert Beienascht an enger Heck entdeckt hätten. Dëst gouf dann no enger Kontroll confirméiert an de lokalen Imker ass geruff gin, fir dat grousst Beievollék schounend ze déplacéieren.  

31/05/2015 A.G. Feier

31/05/2015 A.G. Feier

Um Sonnden de Moien um 3:50 Auer, ass en Groussalarm wéint engem Feier an engem Café ausgeléist. An der Rue de la croix war an engem Café aus nach ongeklärte Grënn e Feier ausgebrach. Den Brand war seier ënner Kontroll an et ass kengem eppes geschitt. No dem Belëften vum Trapenhaus konnten d’Bewunner nees zeréck an hier Wunnengen iwwert dem Café. Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng, 2 Police Patrullen, eng Ambulanz vu Kayl, de Regional Inspekter an d’Police Technique.  

27/05/2015 Ambulanz hellëfen mat DLK

27/05/2015 Ambulanz hellëfen mat DLK

Um Mëttwoch Owend géint 19:50 Auer ass eis Permanence geruff gin fir der Ambulanz an dem SAMU eng Hand mat unzepaken. Mat dobäi war Dréihleeder (DLK) vun Käl fir den Patient duerch d’Fenster vum 3ten Stack erofzehuelen. Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng, den Asazzenter Käl mat enger Ambulanz an der Dréihleeder souwéi och den SAMU vun Esch.

19/05/2015 Ambulanz hellëfen

19/05/2015 Ambulanz hellëfen

Den Moien um 9:15 Auer ass eis Permanence geruff gin, fir der Ambulanz an dem Samu eng Hand mat unzepacken an sou zesummen en Patient schounend an ouni Komplikatiounen an d’Ambulanz ze kréien. Op der Plaz waren eng Ambulanz vun Kayl, den Samu vun Esch an eis Permanence mat 5 Leit.

18/05/2015 Techneschen Asatz

18/05/2015  Techneschen Asatz

Géint 17 Auer, ass d´Permanence op den 3ten Asatz fir haut geruff gin, mat der Meldung, dat Wasser an Garagen an Kelleren an der rue Ferrer géif laafen. Op der Platz huet d´Permanence eng riesen Wasserfontaine virfonnt. Den Schieber ass dun seier zougedréint gin, sou dat en gréisseren Wasserschued verhennert konnt gin.    No enger Erkundung huet sech erausgestallt, dat en Standrouer vun engem Chantier eweg gefuer ass. D´Wasser an den Kelleren huet missen evakuéiert gin. Op der Platz war d´Permanence mat 7 Leit an 3 Ween.