01/07/2015 Verdacht op ee Kuerzschloss

Den 01/07/2015 sin mer geruff gin wéinst engem Verdacht op ee Kuerzschloss an enger Luucht.

D’Propriétairen vum Haus hun gudd réagéiert an den Stroum direkt ofgeschallt.

Wou d’Erkundung gemach gin ass, an d’Luucht démontéiert gin ass, gouf festgestallt, dat sech ee Käfer an der Luucht verluer hat an duerch seng Fluchmanöveren ee Kaméidi gemach huet, deen engem elektrëschen Kuerzschloss ähnelt.

Den Käfer ass befreit gin an d’Propriétairen konnten rouegem Gewëssens de Stroum erëm aschalten.

01/07/2015 01/07/2015