31/05/2015 A.G. Feier

Um Sonnden de Moien um 3:50 Auer, ass en Groussalarm wéint engem Feier an engem Café ausgeléist.

An der Rue de la croix war an engem Café aus nach ongeklärte Grënn e Feier ausgebrach. Den Brand war seier ënner Kontroll an et ass kengem eppes geschitt. No dem Belëften vum Trapenhaus konnten d’Bewunner nees zeréck an hier Wunnengen iwwert dem Café.

Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng, 2 Police Patrullen, eng Ambulanz vu Kayl, de Regional Inspekter an d’Police Technique.

IMG_9667