Um Freideg de Moien géint 10:30 Auer koum et um käler Potto tëscht Rëmeleng an Esch zu engem méi uergen Accident. Hei sin 2 Autoën frontal anenee gerannt. Heibäi goufen 2 Persounen liicht blesséiert an eng Persoun huet missen aus dem Gefier erausgeschnidde gin an gouf schwéier blesséiert.
D’Streck gouf an béid Richtungen fir bal 2 Stonnen komplett gespart.
Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng, den Sauvetage an 2 Ambulanzen vu Kayl, den Samu an d’Police.