Category Archives: Einsätze

12/08/2015 Feieralarm

12/08/2015 Feieralarm

Kuerz firun Hallefnuecht ass d’Permanence op en Feieralarm an den Centre Culturel geruff ginn. Laut Brandmeldezentral misst en Rauchmelder am Keller ausgeléist hun. No enger Erkundung ass festgestallt gin, dass sech an engem Rauchmelder Kondenswaasser ugesammelt huet, dest well den Raum schlecht belëft ass. Den betraffenen Melder ass desaktivéiert gin. Op der Plaatz war d’Permanence sou wéi och d’Sëcherheetsfirma Dussmann

08/08/2015 Bam an der Stross

08/08/2015 Bam an der Stross

Den 08/08/2015 sin mer um 1:00 Auer geruff gin well duerch d’Wiederen an d’Loft een decken Ascht d’Stross fir op den Hierzesprong e Stéck blockéiert hat. Wou den Aascht geréckelt gouf, hun mir festgestallt, dat uewen un verschidden Bäm nach Äscht waren déi all Moment kéinten erofgefall kommen, an sou hun mir dann eis d’Steckleeder geholl fir eropzeklammen an zekucken ob déi lass sin. D’Permanence war mat 3 Leit op der Plaz.  

07/08/2015 Aide Ambulance

07/08/2015 Aide Ambulance

Freides, den 07/08/2015, sin mer géint 16:25 Auer mat eiser Permanence op eng Aide Ambulance geruff gin.      

29/07/2015 Feier am Bësch

29/07/2015 Feier am Bësch

Um Mëttwoch Owend, ass um 20:45 Auer ee Feier am Bësch hannert den Haiser an der rue du Cimetière gemellt gin. D’Feier war awer seier ënner Kontroll an et konnt verhënnert gin, dat de Brand sech ausbreed. Op der Plaz war eis Permanence mat  8 Leit an 2 Ween, an d’Police.

27/07/2015 Persoun ageklemmt

27/07/2015 Persoun ageklemmt

Um Méinden krut eis Permanence d’Meldung, dat eng Persoun tëschend engem Auto an der Mauer ageklemmt wier. Op der Plaz ukomm war d’Persoun schon vun der Police befreit gin. Et huet sech erausgestallt dat d’Persoun den Auto virun der Dier ofgestallt hat, an wahrscheinlech heibäi d’Handbrems net fest genuch gezunn hat. Den Auto ass dun gerullt komm an d’Persoun tëscht sech an der Mauer ageklemmt. D’Persoun gouf mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht. Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng, den Sauvetage an d’Ambulanz vu Käl, den SAMU an d’Police. xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim … Continue reading

25/07/2015 Tierrettung

25/07/2015 Tierrettung

Kuerz virun 11 Auer um Samsten den 25/07/2015, ass eis Permanence op een zweeten Asaz geruff gin. Hei war een Villchen an den Rouer vun engem Kamäin gefall an ass do selwer net méi erauskomm. Dat natiirlecht Fluchverhaalen vun dësem huet de Rettungsversuch net erliichtert. No gudd 10 Minuten konnt en dann endlëch befréit gin an no engem kuerzen Check erëm fräigeloss gin. Op der Plaz waren 6 Leit vun der Permanence.

25/07/2015 Aascht an der Strooss

25/07/2015 Aascht an der Strooss

Samstes den 25/07/2015 ,as eis Permanence um 9 Auer geruff gin, wéinst engem Aascht den duercht Loft ëmgefall wor. Dësen huet hei en Deel vun der Strooss vu Rëmeleng op Esch blockéiert an konnt awer seier op d’Säit geréckelt gin an déi Responsabel vun de Ponts & Chaussées sin doriwwer informéiert gin.      

16/07/2015 Aide Ambulance

16/07/2015  Aide Ambulance

Donneschtes, den 16/07/2015 ass eis Permanence direkt 2 mol geruff gin fir der Ambulanz eng Hand mat un ze paaken. DL vu Kayl war direkt mat ugefuedert gin fir d’Persoun schounend erof zekréien. Séier ass festgestallt gin, dat déi d’Gewicht vun der Persoun net packt.Doropshin ass den Teleskopmast vu Schëffleng ugefuedert gin. D’Persoun ass dun mat der Schwéiertransportambulanz an d’Spidol komm. Géint 16:54 Auer ass d’Permanence nach engkeier geruff gin, fir d’Persoun erëm an d’Bett ze leeën. Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng, de Sauvetage vu Käl an d’Schwéiertransportambulanz vun Esch.

10/07/2015 Dier opmachen

10/07/2015 Dier opmachen

Den 10/07/2015 um 21:55 Auer ass eis Permanence geruff gin, fir eng Dier d’Urgence opmachen ze goën. Well d’Firma Help net méi un d’Madame komm ass, hun si doropshin den 112 Kontaktéiert. Wou eis Permanence op der Plaz ukomm ass, war d’Dier awer schon op. Op der Plaz war d’Permanence vun Rëmeleng mat 5 Leit, d’Schwéiertransportambulanz vum escher Asazzenter, an Schëffleng mat hierem Teleskopmast.  

03/07/2015 Fuite vu Mazout

03/07/2015 Fuite vu Mazout

Freides, den 03/07/2015 hat géint 16:00 Auer eng Camionnette extrem vill Kraftstoff Mazout verluer. Op der Plaz huet sech dun erausgestallt, dat eng Leitung no der Kraftstoffpompel futtigefuer war. De Chauffer vun der Camionnette war vun engem aneren opmierksamen Chauffer per tuuten a blénken op d’Fuite opmierksam gemach gin. D’Camionnette hat hei awer schon 5 Strossen passéiert, déi demno och verknascht waren an hun missen gebotzt gin. Op der Plaz war d’Permanence mat 5 Mann an 2 Gefierer.