25/07/2015 Tierrettung

Kuerz virun 11 Auer um Samsten den 25/07/2015, ass eis Permanence op een zweeten Asaz geruff gin. Hei war een Villchen an den Rouer vun engem Kamäin gefall an ass do selwer net méi erauskomm.

Dat natiirlecht Fluchverhaalen vun dësem huet de Rettungsversuch net erliichtert. No gudd 10 Minuten konnt en dann endlëch befréit gin an no engem kuerzen Check erëm fräigeloss gin.

Op der Plaz waren 6 Leit vun der Permanence.

25/07/2015