16/07/2015 Aide Ambulance

Donneschtes, den 16/07/2015 ass eis Permanence direkt 2 mol geruff gin fir der Ambulanz eng Hand mat un ze paaken.

DL vu Kayl war direkt mat ugefuedert gin fir d’Persoun schounend erof zekréien.

Séier ass festgestallt gin, dat déi d’Gewicht vun der Persoun net packt.Doropshin ass den Teleskopmast vu Schëffleng ugefuedert gin. D’Persoun ass dun mat der Schwéiertransportambulanz an d’Spidol komm.

Géint 16:54 Auer ass d’Permanence nach engkeier geruff gin, fir d’Persoun erëm an d’Bett ze leeën.

Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng, de Sauvetage vu Käl an d’Schwéiertransportambulanz vun Esch.

16/07/2015