Category Archives: Einsätze

12/10/2015 A G Feier

12/10/2015 A G Feier

    Géint 9:30 Auer ass vum 112 ee Groussalarm ausgeléist gin. An der Groussstross war um 2. Stack vun enger Résidence aus nach ongeklärter Ursach an engem Appartement ee Feier ausgebrach. Op der Plaz ukomm sin d’Awunner direkt aus dem Gebäi evakuéiert gin. De Brand war séier gelöscht sou dat ee gréißere Schued konnt verhënnert gin. 2 Persoune koumen mat liichten Dampvergëftungen an d’Spidol. Während de Läscharbeschten war d’Groussstross fir de Verkéier a béid Richtungen gespaart. Am Asaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng mam LF, TLF2000 an ELW, d’Pompjeeën vu Käl mat der DLK an engem Tankwonn, 2 Ambulanzen … Continue reading

04/10/2016 Türöffnung

04/10/2016 Türöffnung

Kuerz virun 11 Auer um Sonnden Moien sin bei eisen Leit vun der Permanence d’Pipserte gaangen, fir enger Persoun ze hëllefen, déi gefall war. Vu que dat d’Persoun sech blesséiert hat, huet dëss et net méi gepackt fir bis bei Dier ze kommen an dëss opzemachen. No enger séierer Erkundung ass décidéiert gin duerch eng Fenster déi op war, bei d’Persoun an d’Wunneng eran ze klammen. D’Ambulancier’en hun sech direkt ëm d’Patient gekëmmert an dëss koum dann och mat an d’Spidol. Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng , d’Ambulanz vum CISKT an d’Police vun Esch.  

10/09/2015 starken Benzinsgeroch

10/09/2015 starken Benzinsgeroch

Um Donneschten ass eis Permanence an d’Rue de la Bruyère geruff gin, well et hei stark no Benzin gericht huet.

09/09/2015 Aide Ambulance

09/09/2015 Aide Ambulance

Um Mëttwoch den 09/09/2015 si mer géint 13:55 Auer geruff gin fir der Ambulanz eng Hand mat unzepaken.

27/08/2015 Gasgeroch

27/08/2015 Gasgeroch

Dënschtes den 27/08/2015 si mer géint 22:50 Auer an d’Michel Rodange Stross geruff gin. Do haten d’Propriétairen vun engem Appartement gemellt, dat et no Gas géif richen. No enger Erkundung ass mat Hëllef vu engem Mießgerät festgestallt gin, dat et keen Gas oder soss een geféierlechen Stoff ass. D’Wunneng ass gelëft gin. Op der Plaz war eis Permanence mat 5 Leit.  

20/08/2015 Mazoutspuer

20/08/2015 Mazoutspuer

Den 20/08/2015 si mir um 9:13 Auer geruff gin, wéint enger Mazoutspuer Poteau vu Rëmeleng op Esch.  

18/08/2015 Dier opmachen

18/08/2015 Dier opmachen

Um Mëttwoch den Owend géint 18:30 Auer sin mer alarméiert gin fir eng Dier opzemachen. Eng Nopesch huet ugeruff well Si déi eeler Fra e puer Deeg net héieren a gesin huet.D’Fra war schlussendlech awer net doheem, well Si virun e puer Deeg an d’Spidol geliwwert gin ass.  

15/08/2015 Bam verspäert Wee

15/08/2015 Bam verspäert Wee

Um 13:43 Auer , ass eis Permanence geruff gin well am Parc ee Bam den Wee verspärt hat.

14/08/2015 Feieralarm

14/08/2015 Feieralarm

Freides, den 14/08/2015 as eisen Bereetschaftsdéngscht um 23:50 Auer op een Feieralarm geruff gin.

13/08/2015 Stuermschied

13/08/2015 Stuermschied

An der Nuecht vun en Donnëschten op e Freiden sin e puer hefteg Wierderen z’erwaarden. D’Permanence huet schon insgesamt zwee mol intervenéieren weinst Stuermschied. Eemol stung ee ganze falsche Plafong wei och déi gesamt Wunnéng ënner Waasser. Beim zweeten Asaatz war een Oofwaasserkanal iwwergelaaf an huet alles zeréck an d’Haus gedréckt. Op der Plaatz war jeweils d’Permanence.