12/10/2015 A G Feier

 

 

Géint 9:30 Auer ass vum 112 ee Groussalarm ausgeléist gin. An der Groussstross war um 2. Stack vun enger Résidence aus nach ongeklärter Ursach an engem Appartement ee Feier ausgebrach.

Op der Plaz ukomm sin d’Awunner direkt aus dem Gebäi evakuéiert gin. De Brand war séier gelöscht sou dat ee gréißere Schued konnt verhënnert gin.

2 Persoune koumen mat liichten Dampvergëftungen an d’Spidol.

Während de Läscharbeschten war d’Groussstross fir de Verkéier a béid Richtungen gespaart. Am Asaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng mam LF, TLF2000 an ELW, d’Pompjeeën vu Käl mat der DLK an engem Tankwonn, 2 Ambulanzen an d’Police.

IMG_2565