04/10/2016 Türöffnung

Kuerz virun 11 Auer um Sonnden Moien sin bei eisen Leit vun der Permanence d’Pipserte gaangen, fir enger Persoun ze hëllefen, déi gefall war. Vu que dat d’Persoun sech blesséiert hat, huet dëss et net méi gepackt fir bis bei Dier ze kommen an dëss opzemachen.

No enger séierer Erkundung ass décidéiert gin duerch eng Fenster déi op war, bei d’Persoun an d’Wunneng eran ze klammen.

D’Ambulancier’en hun sech direkt ëm d’Patient gekëmmert an dëss koum dann och mat an d’Spidol.

Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng , d’Ambulanz vum CISKT an d’Police vun Esch.

8364ac449a5305dbf1e131b58869a656 - Copy