Category Archives: Einsätze

29/03/2015 Bam an der Strooss

29/03/2015 Bam an der Strooss

Den 29/03/2015 ass eis Permanence kuerz virun 22:00 Auer geruff gin well duerch den Stuerm ee Bam emgefall war. Wéi si awer op der Plaz ukomm sin huet sech séier erausgestallt, dat et sech éischter ëm en klengen Ascht gehandelt, den séier konnt aus der Stross geraumt gin.

Aarbeschtsaccident 10/03/2015

Aarbeschtsaccident 10/03/2015

Dënschtes, den 10/03/2015, koum et géint 11:40 Auer zu engem Aarbeschtsaccident bei der Firma Cimalux, wou eis Permanence geruff gin ass.

Accident 27/02/2015

Accident 27/02/2015

Freides, den 27.02.2015 géint 17:50 Auer, kruten sech an der Groussstrooss 2 Autoën ze paaken, woubäi eng Persoun liicht blesséiert gin ass. Dëss ass mat der Ambulanz aus dem kayler Asazzenter an d’Spidol bruecht gin. Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng, de Sauvetage vum CISKT an d’Police vun Esch.

Strooss botzen no Accident 25/02/2015

Strooss botzen no Accident 25/02/2015

Den 25/02/2015 kuerz virun 6 Auer ass et am Beruffstrafic Richtung Grenz zu engem klengen Accrochage tëscht 2 Autoën komm. Eng Persoun ass mat liichte Verletzungen an d’Spidol bruecht gin. Op der Plaz waren d’Permanence vun de Rëmelenger Pompjeeën an eng Ambulanz aus dem Asazzenter vun Käl, souwéi d’Police vun Esch.

Aide Ambulance 13/02/2015

Aide Ambulance 13/02/2015

Um Freiden ass eis Permanence um 21:05 Auer geruff gin fir der Ambulanz eng Hand mat unzepaken.

Aide Ambulance 11/02/2015

Aide Ambulance 11/02/2015

Géint 10:40 Auer ass eis Permanence op eng Aide Ambulance geruff gin, fir ee Patient durch en Trappenhaus erof an d’Ambulanz ze transportéieren.    

Mazoutspuer 10/02/2015

Mazoutspuer 10/02/2015

Haut kuerz virun Mëtteg haten mer eng Mazoutspuer. Hei war Mazout iwwert eng Streck vun Téiteng duerch d’rue du cimetière bis op Rëmeleng ausgelaf. Mat Hëllef vun den käler Pompjeeën an eisem TLF 2000 gouf déi ganz Strooss nees propper gemach.        

Accident 09/02/2015

Accident 09/02/2015

Gëschter Mëtten géint 15:20 Auer gouf eis Permanence op een Accident mat zwee Gefierer um Poteau Richtung Esch geruff. Een Auto ass hei engem zweeten Auto, den ee Foussgänger wollt iwwert d’Stross lossen, hannendrop gerannt. 2 Persounen gouffen heibäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Permanence vun Rëmeleng, den Sauvetage Käl an 2 Ambulanzen vun Käl.            

Baam blockéiert Strooss

Baam blockéiert Strooss

Kuerz firu Mëtternuecht ass d’Permanence geruff gin fir ee Baam aus der Strooss ze huelen, deen ënnert der Laascht vum Schnéi um Poteau Richtung Esch emgefall ass. De Baam huet mëttels Motosee an Treuil missen degagéiert gin. D’Pompjeeë waren ganzer 2 Stonnen am Asaatz fir d’Spuer fir den Trafic fräi ze kréien. Op der Plaatz war Dingschtequipe mat 7 Mann an 3 Gefierer. Hei nach e puer Fotoen vum Asaatz

Autosaccident

Autosaccident

An der Nuecht op en Dënschdeg géint 3h30 goufen d’Pompjeeë vu Rëmeleng op een Accident geruff. Et gouf kee Mënsch blesséiert. Duerch d’Wucht vum Opprall, ass den Pneu matsamt dem Amortisseur erausgerappt gin. D’Rëmelenger Pompjeeë ware mat enger Permanence vu 5 Leit an 2 Ween op der Plaz.