Category Archives: Einsätze

18/01/2016 Accident

18/01/2016 Accident

++ Accident ++ Den 18. Januar kuerz no 7 Auer , sinmer op en Accident um Poteau geruff gin. Op der Kräizung waren 2 Autoën net laangschteneen komm. Den Opprall war sou stark, dat een vun den Gefierer vun der Stross ofkomm ass, e Schëld ze paken krutt an am Gruef leienbliwwen ass. Heibäi gouf keng Persoun blesséiert, mee den Materialschued dogéint ass héisch. Op der Plaz war d’Permanence mat 5 Leit an eng Patrouille vun der Police.

16/01/2016 Personen angefahren

16/01/2016 Personen angefahren

++ 2 Blesséierter no Bal ++ An der Nuescht op den 16. Januar sin mer op en Bal geruff gin wou 2 Persounen blesséiert goufen. En Auto den engem aneren wollt ausweechen war hei un d’Rutschen komm an huet dobäi 1 Persoun ze paken kritt. Eng zweet Persoun huet sech beim Versuch ewech ze sprangen blesséiert. Déi zwou Persounen sin fir eng Kontroll an weider Ënnersichungen an d’Spidol komm. Op der Plaz war eis Permanence, souwéi den Sauvetage vum CISKT an d’Police.  

11/01/2016 Ambulanz hëllefen

11/01/2016 Ambulanz hëllefen

Géint 22:55 Auer si mer geruff gin fir der Schwéiergewichtsambulanz vun Esch eng Hand unzepaken an eng Persoun vum 1ten Stack erofzekréien. Hei konnt een Trappenlift benotzt gin an d’Persoun konnt esou schounend an d’Ambulanz gedroën gin. Op der Plaz waren d’Permanence vu Rëmeleng, den Sauvetage an eng Ambulanz vum CISKT, an d’Schwéiergewichtsambulanz vun Esch. E puer Stonnen drop géint 2:48 Auer ass d’Permanence dann nach eemol op déi selwescht Plaz geruff gin, fir d’Persoun erëm erop an d’Wunneng ze kréien. Dëss Kéier war d’Ambulanz vun Esch „hors service“ sou dat d’Schwéiergewichtsambulanz vun Ettelbréck huet missten erof hëllefen kommen.     … Continue reading

05/01/2016 Wasserfuite

05/01/2016 Wasserfuite

Um 19:50 Auer si mer geruff gin wéinst enger Wasserfuite an engem Appartement. No enger éischter Erkundung op der Plaz ass festgestallt gin, dat Wasser aus enger Wunneng vum 5ten op den 4ten Stack gelaf ass. d’Bewunner vum irwechte Stack waren net doeem, an sou hu mir missten a Presenz  vun der Police d’Dier opbriechen. D’Fehlerquell gouf sou séier erkannt an éliminéiert. Op der Plaz war eis Permanence mat 10 Leit souwéi eng Patrouille vun der Police.

31/12/2015 Accident

31/12/2015 Accident

Géint 18:30 Auer sin mer fir zweet den Dag geruff gin, wéinst engem Accident wou een Auto engem Bus hannendrop gerannt wor. Hei gouf keng Persoun blesséiert an eis Permanence konnt nodems si Stross gebotzt hun erëm eran fueren.

31/12/2015 Dier opmachen

31/12/2015 Dier opmachen

Géint 12 Auer ass eis Permanence geruff gin fir eng Dier opzemachen, well eng eeler Persoun gefall wor an d’Dier net méi alleng opkrut.

19/12/2015 Feieralarm

19/12/2015 Feieralarm

Géint halwer 8 Owes ass eis Permanence vun der Firma Dussmann an d’rue des Artisans geruff gin, well hei ee Feieralarm ausgléis gin war. Dëss Interventioun gouf awer e puer Minuten drop erëm annuléiert.

04/12/2015 Persoun a Nout

04/12/2015 Persoun a Nout

Hei ass eis Permanence geruff gin, well eng Persoun gefall wor an d’Dier net méi konnt opmachen. Durch d’Fenster déi op Kipp stoung ass eis Equipe an d’Wunneng erakomm, et huet sech erausgestallt dat d’Persoun eng Blessure um Knéi haat, doropshin ass eng Ambulanz vu Käl nogeruf gin, an d’Persoun soumat an d’Spidol komm.    

12/11/2015 Ambulanz hëllefen

12/11/2015 Ambulanz hëllefen

Kuerz no halwer 11, ass eis Permanence zesummen mat der Sauvetageéquipe vum CISKT geruff gin, fir ee Patient schounend mat der DLK vum 1. Stack erof an d’Ambulanz ze kréien.

11/11/2015 Bam op Auto

11/11/2015 Bam op Auto

Um 7:04 Auer ass eis Déngschtéquipe geruff gin fir ee Bam eweg zehuelen deen onglécklecherweis op een Auto gefall wor. Op der Plaz war d’Equipe mat 5 Leit.