++ Accident ++
Den 18. Januar kuerz no 7 Auer , sinmer op en Accident um Poteau geruff gin. Op der Kräizung waren 2 Autoën net laangschteneen komm. Den Opprall war sou stark, dat een vun den Gefierer vun der Stross ofkomm ass, e Schëld ze paken krutt an am Gruef leienbliwwen ass.
Heibäi gouf keng Persoun blesséiert, mee den Materialschued dogéint ass héisch. Op der Plaz war d’Permanence mat 5 Leit an eng Patrouille vun der Police.