11/01/2016 Ambulanz hëllefen

Géint 22:55 Auer si mer geruff gin fir der Schwéiergewichtsambulanz vun Esch eng Hand unzepaken an eng Persoun vum 1ten Stack erofzekréien. Hei konnt een Trappenlift benotzt gin an d’Persoun konnt esou schounend an d’Ambulanz gedroën gin. Op der Plaz waren d’Permanence vu Rëmeleng, den Sauvetage an eng Ambulanz vum CISKT, an d’Schwéiergewichtsambulanz vun Esch.

E puer Stonnen drop géint 2:48 Auer ass d’Permanence dann nach eemol op déi selwescht Plaz geruff gin, fir d’Persoun erëm erop an d’Wunneng ze kréien. Dëss Kéier war d’Ambulanz vun Esch „hors service“ sou dat d’Schwéiergewichtsambulanz vun Ettelbréck huet missten erof hëllefen kommen.