Category Archives: Einsätze

18/05/2015 Accident

18/05/2015 Accident

Haut den Moien géint 7:00 Auer koum et an der rue des Martyres zu engem Acident tëscht engem Auto an engem Moto, woubäi et een liicht Blesséierten gouf.

18/05/2015 Feieralarm

18/05/2015  Feieralarm

  An der Nuescht vun e Sonnden op e Méinden, sin mer géint 3:10 Auer an d’Primärschoul „Sauerwiesen“ geruff gin, well do den Feieralarm ausgeléist war. No grëndlecher Duerchsichung huet sech erausgestallt dat et een Fehlalarm war.      

07/05/2015 Aide Ambulance

07/05/2015 Aide Ambulance

Donneschtes, den 7ten Mee 2015 ass eis Permanence um 12:04 Auer op eng Aide Ambulance geruff gin, fir eng Persoun an d’Ambulance ze droën.

03/05/2015 Dier opmachen

03/05/2015 Dier opmachen

Um 1:47 Auer ass d’Permanence den 3ten Mee 2015 geruff gin fir eng Dier d’urgence opzemachen. Hei war eng Persoun gefall an konnt d’Dier net méi opmachen. D’Persoun ass dono mat der Ambulanz an d’Spidol gefouert gin.

02/05/2015 AG Technëschen Asatz

02/05/2015 AG Technëschen Asatz

Samstes den 2ten Mee 2015, sin d’Rëmelenger Pompjeeën géint 18:20 Auer geruff gin, well eng Persoun vermësst gouf. Wéi d’Pompjeeën ennerwee waren fir op d’Plaz, ass d’Interventioun annuléiert gin, well d’Persoun erëm fonnt gin ass.  

01/05/2015 A G Feier

01/05/2015 A G Feier

Den 1ten Mee 2015 sin d’Rëmelenger Pompjeeën géint 19:40 Auer an d’Rue de la Bruyère geruff gin, wou aus engem Haus Damp soll erauskommen. Wéi mer awer op der Plaz ukomm sin huet sech schnell erausgestallt dat et keen Feier ass, mee dat d’Famill am Gaart gegrillt huet.  

16/04/2015 Accident

16/04/2015 Accident

Géint 10:15 ass d`Permanence dun nach engkéier geruff op en Accident tescht engem Camion an engem Auto, hei ass en Camion engem Auto wou bei enger rouder Luucht stoung hannendrop gerullt. Den Chauffer vum Auto ass dobäi liicht blesséiert gin, an koum mat der Ambulance an d`Spidol. Op der Plaz waren d`Remelenger Pompjeen, den Sauvetage an d`Ambulanz vu Kayl.  

16/04/2015 Rettung vun engem Hond

16/04/2015 Rettung vun engem Hond

Haut den Moien géint 8:20 ass eis Permanence op en Asatz geruff fir en Hond ze retten. Den Hond war an engem Hang ongefeier 30m wäit erof op engem Fielsvirsprong gefangen sech net méi alleng aus der Situatioun befreien. Een Pompjee huet sech dun mat Hellef vun engem Rollgliss erofgeseelt an huet sou den Hond nees bei seng Famill erop bruecht. Dem Hond ass näischt geschitt an koum ouni Verletzungen dovun. Hei e puer Andréck vum Asatz.

04/04/2015 Aide Ambulance

04/04/2015 Aide Ambulance

Den 4/04/2015 ass eis Permanence kuerz virun 21:30 op eng Aide Amblance geruff gin an der Grand-rue.

01/04/2015 Aide Ambulance

01/04/2015 Aide Ambulance

Den 01/04/2015 si mer Moies géint 4:50 op eng Aide Ambulance an der rue des Artisans geruff gin.