16/04/2015 Rettung vun engem Hond

Haut den Moien géint 8:20 ass eis Permanence op en Asatz geruff fir en Hond ze retten. Den Hond war an engem Hang ongefeier 30m wäit erof op engem Fielsvirsprong gefangen sech net méi alleng aus der Situatioun befreien.

Een Pompjee huet sech dun mat Hellef vun engem Rollgliss erofgeseelt an huet sou den Hond nees bei seng Famill erop bruecht. Dem Hond ass näischt geschitt an koum ouni Verletzungen dovun.

IMG_90979

Hei e puer Andréck vum Asatz.