01/03/2016 Accident

++ Accident ++

Géint 8 Auer Moies ass et am Ausgang vu Rëmeleng a Richtung Esch zu engem Accident komm, woubäi eng Automobilistin an enger Kéier op glatter Strooss d’Kontroll iwwert hieren Auto verluer huet an , an sech heibäi iwwerschloën huet. Si huet missen aus dem Gefier befreit gin a koum mat der Ambulanz an d’Spidol.

01/03/2016

Op der Plaz waren d’Permanence vu Rëmeleng, den Sauvetage an d’Ambulanz vum CISKT an d’Police.