All articles by: Tatjana Rissé

Visite vum Foyer de Jour Maya

Visite vum Foyer de Jour Maya

Donneschtes, den 16ten Abrell, haten mer Besuch kritt vun dem Foyer du Jour Maya, wou si e bessi erklärt kritt hun wat et heescht e Pompjee ze sin. Si hun hei d´Material an d´Ween gewisen kritt, an konnten och dono vun dem gudden Wieder profitéieren, wéi een et op den Fotoen gesäit.  

16/04/2015 Accident

16/04/2015 Accident

Géint 10:15 ass d`Permanence dun nach engkéier geruff op en Accident tescht engem Camion an engem Auto, hei ass en Camion engem Auto wou bei enger rouder Luucht stoung hannendrop gerullt. Den Chauffer vum Auto ass dobäi liicht blesséiert gin, an koum mat der Ambulance an d`Spidol. Op der Plaz waren d`Remelenger Pompjeen, den Sauvetage an d`Ambulanz vu Kayl.  

16/04/2015 Rettung vun engem Hond

16/04/2015 Rettung vun engem Hond

Haut den Moien géint 8:20 ass eis Permanence op en Asatz geruff fir en Hond ze retten. Den Hond war an engem Hang ongefeier 30m wäit erof op engem Fielsvirsprong gefangen sech net méi alleng aus der Situatioun befreien. Een Pompjee huet sech dun mat Hellef vun engem Rollgliss erofgeseelt an huet sou den Hond nees bei seng Famill erop bruecht. Dem Hond ass näischt geschitt an koum ouni Verletzungen dovun. Hei e puer Andréck vum Asatz.

04/04/2015 Aide Ambulance

04/04/2015 Aide Ambulance

Den 4/04/2015 ass eis Permanence kuerz virun 21:30 op eng Aide Amblance geruff gin an der Grand-rue.

01/04/2015 Aide Ambulance

01/04/2015 Aide Ambulance

Den 01/04/2015 si mer Moies géint 4:50 op eng Aide Ambulance an der rue des Artisans geruff gin.

29/03/2015 Bam an der Strooss

29/03/2015 Bam an der Strooss

Den 29/03/2015 ass eis Permanence kuerz virun 22:00 Auer geruff gin well duerch den Stuerm ee Bam emgefall war. Wéi si awer op der Plaz ukomm sin huet sech séier erausgestallt, dat et sech éischter ëm en klengen Ascht gehandelt, den séier konnt aus der Stross geraumt gin.

6 Stonnen Roude Fiels Rëmeleng

6 Stonnen Roude Fiels Rëmeleng

No villen Joren ass et den 20ten Juni 2015 erëm souwäit, dann heescht et „6 Stonnen Roude Fiels Rëmeleng“    Startzäit ass um 11.00 Auer.     Départ an Arrivée:Musée Nationale des Mines zu Rëmeleng   Mat machen kann jiddereen ab engem Alter vun 14 Joër. Macht och der eng Equipe an fuert mat.         Fir Iessen, Gedrénks an gudd Stëmmung ass den ganzen Dag gesuergt.     More Info   Fir eng online Umeldung kënnen ze machen, klickt w.e.g. op den Link „Fiche d’inscription“. Fiche d’inscription xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim … Continue reading →

Aarbeschtsaccident 10/03/2015

Aarbeschtsaccident 10/03/2015

Dënschtes, den 10/03/2015, koum et géint 11:40 Auer zu engem Aarbeschtsaccident bei der Firma Cimalux, wou eis Permanence geruff gin ass.

Den neien GW ass ukomm

Den neien GW ass ukomm

Den Dënschten, den 10ten März hun mer en neit Gefier kritt, den GW.  

Accident 27/02/2015

Accident 27/02/2015

Freides, den 27.02.2015 géint 17:50 Auer, kruten sech an der Groussstrooss 2 Autoën ze paaken, woubäi eng Persoun liicht blesséiert gin ass. Dëss ass mat der Ambulanz aus dem kayler Asazzenter an d’Spidol bruecht gin. Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng, de Sauvetage vum CISKT an d’Police vun Esch.