All articles by: Tatjana Rissé

Nationalfeierdag

Nationalfeierdag

Um Virowend vu Nationalfeierdag kruten 2 Memberen vun eis eng Medaille iwwereescht. Eemol de Sven Morcinek fir 15 Joër Déngscht an engkéier de Guy Welter (net op der Foto) fir 40 Joër Déngscht.   Op der Foto(vu lénks no riets): Uewen: Sven Duboutay, Sven Morcinek, Ben Gaillard, Gilles Krier, Hubert Schmit, Claude Rissé, Sandro Giacometti, Tatjana Rissé Ënnen: Yannis Merli, Yann Thies, Max Kirscht, Stephan de Almeida, Dylan Lopes Furtado, Ruben Pereira Adao, Dany Da Silva, Cédric Romano Außerdem op der Foto: eng Delegatioun vun 3 Leit vun den Pompjeeën vun Ëtteng(Frankräich)  

16/07/2015 Aide Ambulance

16/07/2015  Aide Ambulance

Donneschtes, den 16/07/2015 ass eis Permanence direkt 2 mol geruff gin fir der Ambulanz eng Hand mat un ze paaken. DL vu Kayl war direkt mat ugefuedert gin fir d’Persoun schounend erof zekréien. Séier ass festgestallt gin, dat déi d’Gewicht vun der Persoun net packt.Doropshin ass den Teleskopmast vu Schëffleng ugefuedert gin. D’Persoun ass dun mat der Schwéiertransportambulanz an d’Spidol komm. Géint 16:54 Auer ass d’Permanence nach engkeier geruff gin, fir d’Persoun erëm an d’Bett ze leeën. Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng, de Sauvetage vu Käl an d’Schwéiertransportambulanz vun Esch.

10/07/2015 Dier opmachen

10/07/2015 Dier opmachen

Den 10/07/2015 um 21:55 Auer ass eis Permanence geruff gin, fir eng Dier d’Urgence opmachen ze goën. Well d’Firma Help net méi un d’Madame komm ass, hun si doropshin den 112 Kontaktéiert. Wou eis Permanence op der Plaz ukomm ass, war d’Dier awer schon op. Op der Plaz war d’Permanence vun Rëmeleng mat 5 Leit, d’Schwéiertransportambulanz vum escher Asazzenter, an Schëffleng mat hierem Teleskopmast.  

03/07/2015 Fuite vu Mazout

03/07/2015 Fuite vu Mazout

Freides, den 03/07/2015 hat géint 16:00 Auer eng Camionnette extrem vill Kraftstoff Mazout verluer. Op der Plaz huet sech dun erausgestallt, dat eng Leitung no der Kraftstoffpompel futtigefuer war. De Chauffer vun der Camionnette war vun engem aneren opmierksamen Chauffer per tuuten a blénken op d’Fuite opmierksam gemach gin. D’Camionnette hat hei awer schon 5 Strossen passéiert, déi demno och verknascht waren an hun missen gebotzt gin. Op der Plaz war d’Permanence mat 5 Mann an 2 Gefierer.

01/07/2015 Verdacht op ee Kuerzschloss

01/07/2015 Verdacht op ee Kuerzschloss

Den 01/07/2015 sin mer geruff gin wéinst engem Verdacht op ee Kuerzschloss an enger Luucht. D’Propriétairen vum Haus hun gudd réagéiert an den Stroum direkt ofgeschallt. Wou d’Erkundung gemach gin ass, an d’Luucht démontéiert gin ass, gouf festgestallt, dat sech ee Käfer an der Luucht verluer hat an duerch seng Fluchmanöveren ee Kaméidi gemach huet, deen engem elektrëschen Kuerzschloss ähnelt. Den Käfer ass befreit gin an d’Propriétairen konnten rouegem Gewëssens de Stroum erëm aschalten.

25/06/2015 Feieralarm

25/06/2015  Feieralarm

Donneschtes géint 9:38 Auer ass eis Permanence op en Feieralarm an der Primärschoul „Sauerwisen“ geruff gin.    

21/06/2015 Urgence Dier opmachen

21/06/2015 Urgence Dier opmachen

Den Sonnden Mëtten géint 14:10 Auer ass d’Permanence geruff gin fir d’urgence eng Dier opzemachen. Wéi mer awer op der Plaz ukomm sin war d’Dier schon op, an den Fall hat sech erléidegt.

13/06/2015 Aide Ambulance

13/06/2015 Aide Ambulance

  Samstes géint 10 Auer ass eis Permanence geruff gin fir der Ambulance vu Kayl eng Hand mat unzepaken.

05/06/2015 Accident

05/06/2015 Accident

Um Freideg de Moien géint 10:30 Auer koum et um käler Potto tëscht Rëmeleng an Esch zu engem méi uergen Accident. Hei sin 2 Autoën frontal anenee gerannt. Heibäi goufen 2 Persounen liicht blesséiert an eng Persoun huet missen aus dem Gefier erausgeschnidde gin an gouf schwéier blesséiert. D’Streck gouf an béid Richtungen fir bal 2 Stonnen komplett gespart.   Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng, den Sauvetage an 2 Ambulanzen vu Kayl, den Samu an d’Police.

01/06/2015 Beienascht

01/06/2015 Beienascht

Um Méindeg Owend kuerz virun halwer 7 sin mer vun e puer Leit kontaktéiert gin, well Si en gréissert Beienascht an enger Heck entdeckt hätten. Dëst gouf dann no enger Kontroll confirméiert an de lokalen Imker ass geruff gin, fir dat grousst Beievollék schounend ze déplacéieren.