All articles by: Tatjana Rissé

19/12/2015 Feieralarm

19/12/2015 Feieralarm

Géint halwer 8 Owes ass eis Permanence vun der Firma Dussmann an d’rue des Artisans geruff gin, well hei ee Feieralarm ausgléis gin war. Dëss Interventioun gouf awer e puer Minuten drop erëm annuléiert.

04/12/2015 Persoun a Nout

04/12/2015 Persoun a Nout

Hei ass eis Permanence geruff gin, well eng Persoun gefall wor an d’Dier net méi konnt opmachen. Durch d’Fenster déi op Kipp stoung ass eis Equipe an d’Wunneng erakomm, et huet sech erausgestallt dat d’Persoun eng Blessure um Knéi haat, doropshin ass eng Ambulanz vu Käl nogeruf gin, an d’Persoun soumat an d’Spidol komm.    

12/11/2015 Ambulanz hëllefen

12/11/2015 Ambulanz hëllefen

Kuerz no halwer 11, ass eis Permanence zesummen mat der Sauvetageéquipe vum CISKT geruff gin, fir ee Patient schounend mat der DLK vum 1. Stack erof an d’Ambulanz ze kréien.

11/11/2015 Bam op Auto

11/11/2015 Bam op Auto

Um 7:04 Auer ass eis Déngschtéquipe geruff gin fir ee Bam eweg zehuelen deen onglécklecherweis op een Auto gefall wor. Op der Plaz war d’Equipe mat 5 Leit.

12/10/2015 A G Feier

12/10/2015 A G Feier

    Géint 9:30 Auer ass vum 112 ee Groussalarm ausgeléist gin. An der Groussstross war um 2. Stack vun enger Résidence aus nach ongeklärter Ursach an engem Appartement ee Feier ausgebrach. Op der Plaz ukomm sin d’Awunner direkt aus dem Gebäi evakuéiert gin. De Brand war séier gelöscht sou dat ee gréißere Schued konnt verhënnert gin. 2 Persoune koumen mat liichten Dampvergëftungen an d’Spidol. Während de Läscharbeschten war d’Groussstross fir de Verkéier a béid Richtungen gespaart. Am Asaz waren d’Pompjeeën vu Rëmeleng mam LF, TLF2000 an ELW, d’Pompjeeën vu Käl mat der DLK an engem Tankwonn, 2 Ambulanzen … Continue reading

04/10/2016 Türöffnung

04/10/2016 Türöffnung

Kuerz virun 11 Auer um Sonnden Moien sin bei eisen Leit vun der Permanence d’Pipserte gaangen, fir enger Persoun ze hëllefen, déi gefall war. Vu que dat d’Persoun sech blesséiert hat, huet dëss et net méi gepackt fir bis bei Dier ze kommen an dëss opzemachen. No enger séierer Erkundung ass décidéiert gin duerch eng Fenster déi op war, bei d’Persoun an d’Wunneng eran ze klammen. D’Ambulancier’en hun sech direkt ëm d’Patient gekëmmert an dëss koum dann och mat an d’Spidol. Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng , d’Ambulanz vum CISKT an d’Police vun Esch.  

10/09/2015 starken Benzinsgeroch

10/09/2015 starken Benzinsgeroch

Um Donneschten ass eis Permanence an d’Rue de la Bruyère geruff gin, well et hei stark no Benzin gericht huet.

09/09/2015 Aide Ambulance

09/09/2015 Aide Ambulance

Um Mëttwoch den 09/09/2015 si mer géint 13:55 Auer geruff gin fir der Ambulanz eng Hand mat unzepaken.

27/08/2015 Gasgeroch

27/08/2015 Gasgeroch

Dënschtes den 27/08/2015 si mer géint 22:50 Auer an d’Michel Rodange Stross geruff gin. Do haten d’Propriétairen vun engem Appartement gemellt, dat et no Gas géif richen. No enger Erkundung ass mat Hëllef vu engem Mießgerät festgestallt gin, dat et keen Gas oder soss een geféierlechen Stoff ass. D’Wunneng ass gelëft gin. Op der Plaz war eis Permanence mat 5 Leit.  

20/08/2015 Mazoutspuer

20/08/2015 Mazoutspuer

Den 20/08/2015 si mir um 9:13 Auer geruff gin, wéint enger Mazoutspuer Poteau vu Rëmeleng op Esch.