Category Archives: Einsätze

04/02/2016 Feieralarm

04/02/2016 Feieralarm

++ Feieralarm Schoul ++ Kuerz virun 2 Auer, ass vum 112 e Groussalarm ausgléist gin mat der Meldung „Feieralarm an der Primärschoul. Kuerz Zäit no dem Alarm war direkt déi éischt Equipe op der Plaz, déi schnell Entwarnung konnt gin, et war ee Fehlalarm. E groussen Luef un d’Léierpersonal an d’Schoulkanner déi richteg réagéiert hun an d’Schoul direkt évaquéiert hun.  

22/02/2016 Aide Ambulance

22/02/2016 Aide Ambulance

++ Aide Ambulance mat DLK ++ Géint 13 Auer ass d’Permanence vum 112 geruff gin fir der Ambulanz ze hëllefen, mat dozou ass d’Dréihleeder vu Käl alarméiert gin. D’Persoun ass duerch d’Fenster vum 1. Stack schounend erofgeholl gin.

21/02/2016 Accident

21/02/2016 Accident

++ Accident ++ Sonndes Owend géint 19:40 Auer ass d’Permanence op een Accident an d’rue d’Esch geruff gin. Zwee Autoën sin hei net langschteneen komm, an eng Persoun ass liicht blesséiert gin. Op der Plaz war eis Permanence mam LF, TLF2000, den Sauvetage vu Käl mam GW-S an KTLF souwéi d’Ambulanz an d’Police.  

01/02/2016 Aide Ambulance

01/02/2016 Aide Ambulance

++ Aide Ambulance mat Schwéiergewichtsambulanz ++ Kuerz virun 12 Auer ass eis Permanence geruff gin fir der Ambulanz eng Hand unzepaken. Mat alarméiert gouf d’Schwéiergewichtsambulanz vum CISEA, den Sauvetage vum CISKT an och den Teleskopmast vum CIBETT. Mat vereenten Kräft ass et eis gelongen d’Persoun schounend an d’Ambulanz ze kréien.

30/01/2016 Aide Ambulance

30/01/2016 Aide Ambulance

++ Ambulanz hëllefen ++ Den drëtten Asaz huet den Dag och net laang op sech warden geloss, um 18:50 Auer si mer geruff gin fir der Ambulanz vun Kayl eng Hand mat unzepaken, fir den Patient sou schounend wéi méiglech an d’Ambulanz ze kréien. Op der Plaz waren mer mat 5 Leit an d’Kayler Ambulanz mat 3 Leit.   xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

30/01/2016 Brandgeroch

30/01/2016 Brandgeroch

++ Brandgeroch ++ Géint 16:20 Auer ass eng Alarméierung vum 112 komm, dat Awunner vun der rue Batty Weber ë Brandgeroch bemierkt hun. No der Erkundung ass festgestallt gin, dat en Dëppen op der Kachplaque vergies gin ass.

30/01/2016 Bam an der Strooss

30/01/2016 Bam an der Strooss

++ Bam an d’Stooss gefall ++ Géint 15 Auer sin mer geruff gin, well ë Bam den an d’Strooss gefall ass, dëss an Richtung Esch verspaart huet.

29/01/2016 Déiererettung

29/01/2016 Déiererettung

++ Rettung vun enger Waasserschildkröt ++ Den 29. Januar um 14:30 Auer, hat et d’Permanence mat engem méi ongewéinlechen Asaz ze din. Hei ass hannert der Gemeng an der Kaylbaach eng ausgesaate Waasserschildkröt fonnt gin. Dëss gouf gebuergen an an ë neit Doheem bruecht.  

25/01/2016 Accident

25/01/2016 Accident

++ Accident ++ Um fréie Méindeg Owend um 16:40 Auer sin mer an d’rue des Martyrs geruff gin. Hei hat een Automobilist aus nach ongeklärter Ursach Kontroll iwwer säin Gefier verluer, ass an e Luuchtepotto gerannt an koum bessi méi wäit op der Stross un d’Stoën. De Chauffer ass net blesséiert gin. Op der Plaz war d’Permanence mam TLF 2000 an d’Police.  

21/01/2016 Wasserfuite

21/01/2016 Wasserfuite

++ Wasserfuite beim Musée des Mines ++ Den 21. Januar um 21:25 Auer huet den 112 eis geruff, well eng Wasserfuite beim Musée des Mines gemellt gouf. No enger Erkundung op der Plaz huet sech erausgestallt, dat eng Leitung déi baussen un der Mauer leeft durch déi nidreg Temperaturen auserneen gefuer ass. D’Wasser ass ofgestallt gin an d’Permanence konnt erëm erafueren.